passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal : Besuch am Beet

02.05.2024

Mer hunn haut no eisem Beet gekuckt an et virbereet fir ze planzen. Dobäi hu mer e klenge Gaascht dra fonnt.



Am Buedem huet sech e schéine Blannschlécher verstoppt. Di hunn d’Kanner sech och direkt mei genau ugekuckt an haten och direkt vill froen zu dësem Deier. Sou hunn se geleiert dass de Blannschlécher e Reptil ass wat oft zu de Schlaange gezielt gëtt, awer eigentlech eng Echsen ass, an zwar eng Echse ouni Been. Se hunn sech ugekuckt wei se sech iwwert de Buedem beweegt an hunn sech souguer getraut se un ze packen ier mer se rëm an d’Natur gesat hunn.




» Fotoen