passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sportshal: Chico

12.04.2024

Och dëst Joer hu mer mat eise Kanner un der Chico deelgeholl. Mer si dofir bis ob Wolz gefuer an hunn eng kleng Kolonie draus gemaach.

Bei der Chico Kannerkonferenz geet et em Participatioun, Demokratie a Kannerrechter. Dëst Joer ass et em d’Thema Zäit gaange mat dem Slogan: „Ech si wichteg ! Ech huele mir Zäit!“



D’Kanner si vill iwwert hier Rechter gewuer ginn, konnten hier Meenung dozou matdeelen a kruten e gudden Abléck wat demokratesch Wäerter sinn. Och fir eis Erwuessener ass et ëmmer rëm flott ze erliewen zu wat eis Kanner fäeg sinn. Et ass ëmmer rëm spannend wei de Bléck vun de Kanner ob verschidden Theme sinn.

Der Kannermusée PLOMM an d’Zentrum fir politesch Bildung hunn dësen Dag flott organiséiert an d’Kanner hate wei och schonn op den anere Kannerkonferenzen eng flott Zäit.

Wie en op de Foto ka gesinn hu Kanner och ausserhalb der Chico vill Spaass. Schonn den Dag virdrun si mer ob de Camping Bissen gefuer an hunn do geschlof. Mer hunn den Dag zesumme mat engem gudde Picknick ugefaangen a konnten och vum Wierder profitéieren.

Mëttes ware mer trëppelen an Owes hu mer zesummen eng Spaghetti gekacht. ,

Well mer sou eng flott Zäit zesummen haten hoffe mer dass mer dat widderhuele kennen.




» Fotoen