Archive de nouvelles
News
Sonnepavillon : En Dag an der Natur
An der Vakanz waren mär een Dag an d' Natur vun Beetebuerg. Mär hunn eis op d' Sich gemaach no neien a flotten Plazen zu Beetebuerg. Mär sinn dunn an de Bongert beim Bësch gaangen an hunn eis et do gemittlech gemaach. Nodeems mär nach e puer Spiller gemaach hunn, hunn mär eis eisen Picknick gutt schmaachen gelooss. Duerno sinn mär nach e bëssen weider spazéieren gaangen ier mär eis erëm op de Wee fir Heem gemaach hunn.
Sportshal: Mir waren am Naturpark Uewersauer
Mer waren an der Päischtvakanz am Naturpark Uewersauer wou mir vill spadséiert sinn
Al Gemeng : Op de Spueren vun den Déieren
D'lescht Woch sin d'Kanner aus dem SEA Al Gemeng mat den Educateuren an t'Haus vun der Natur op d'Kockelscheier gefuer fir sech op d'Spueresich vun den Déieren ze maachen.
Sonnepavillon : Bolinhos de Bacalhau
Mär hunn op d' Nofro vun de Kanner eng Aktivitéit mam Kach geplangt, fir zesummen mat him "Bolinhos de Bacalhau" ze kachen. Et war immens flott eng nei Kichen an eng aner Kultur kennen ze léieren. Nom Kachen hunn d’ Kanner sech d’ "Bolinhos de Bacalhau" gutt schmaachen gelooss.
Sportshal: Wanderung duerch den Mëllerdall
Haut si mer de ganzen Dag duerch eist schéint Mëllerdall gewandert.
Sonnepavillon : Ee gemittlechen Picknick
Haut de Mëtten hunn mär vun deem schéinen Wieder profitéiert an sinn trëppelen gaangen. Mär hunn no enger gudder Plaz gesicht fir ee Picknick ze maachen. Wéi mär bis eng Plaz fonnt haten hunn mär eis et op der Decken gemittlech gemaach an eis d' Schmieren gutt schmaachen gelooss.
Al Gemeng : Mir ginn op den Airtramp
Ennert Opsiicht vun eisem geschoulte Personal konnten Kanner sech um Airtramp ausloossen.
Sonnepavillon : Plastilin
D’ Kanner hunn mat ganz vill Gedold een Haus an en Stall aus Plastilin fir hier Playmobil’s Famill mat hieren Deieren gebaut.
Sonnepavillon : Jukeball
Fir gutt Sport kennen ze maachen, gehéiert et sech gutt waarm ze maachen. Dono hunn d' Kanner 2 Équipen gemaach an et geet dorëms op den Knéien an senger Équipe op mannst 3 Passen ze maachen, fir schlussendlech de Ball widdert den Trampolin ze schéissen an eréischt wann déi selwecht Équipe de Ball opgefaangen huet, gëtt et jeeweils 1 Punkt.
D' Équipe, déi als éischt 5 Punkten huet, huet gewonnen.
D' Équipe, déi als éischt 5 Punkten huet, huet gewonnen.