Archive de nouvelles
News
Reebou-Pavillon: Kleng Kniwwelereien iwwert d'Mëttesstonn
Kuckt emol wéi schéin : Mir hunn de Kanner iwwert d' Mëttesstonn en flotten Bracelet’s Atelier an eisem Kreativ Sall ugebueden.
Sonnepavillon : Wiichtel
Di méi grouss Kanner wollten, nodeems se en bëssen d’ Wierk-Bänk kennen geleiert hunn, eppes Richteges selwer wierken. Se hunn sech zesummen gesat an iwwerluet wat se wëllen maachen. Nodeem se sech net eenegen konnten hunn se gefrot fir um Internet no ze sichen. Net laang dono haten se en Wiichtel aus Holz gesinn, dee se wollten maachen.
Sportshal: James Bond Vëlkerball
D’Kanner spillen am Moment ganz gäre Vëlkerball. Fir dass dat net langweileg gëtt probéiere mer e bëssen Ofwiesslung dran ze bréngen andeems mer mol Reegelen änneren oder bäifügen.
Reebou-Pavillon: apéritif de fin d'année
Pour bien terminer l’année juste avant les vacances, l'équipe éducative du SEA Reebou-Pavillon a préparé quelques gourmandises ainsi que du vin et chocolat chaud afin d’offrir un pot de fin d'année aux parents et enfants.
Al Gemeng : Bastelen mat Maisflacken
Maisflacken ass ee Bastelmaterial mat deem d'Kanner net all ze oft bastelen.
Al Gemeng : Chrëschtfeier am Cycle 2
Als Ofschloss vum 1. Trimester hun d'Kanner aus dem Cycle 2 zesumme mat hierer Equipe ee klengt Ofschlossfest organiséiert.
Reebou-Pavillon: E gaaaaanz groussen Tuerm
An de Mëttesstonnen hunn d ‘Kanner nieft dem Iessen och d' Méiglechkeet fir an e Funktioun ‘s Raum ze goen. Haut waren mir iwwert d’ Mëttesstonn an de Bau Raum kucken an waren iwwerrascht doriwwer dass d’ Kanner a kuerzer Zäit esou e héijen Tuerm gebaut hunn.
Sportshal : Chreschtfeier vu der Schoul am Duerf
D’Schoul am Duerf hat haut hier Chreschtfeier an mir hunn eis et net huelen geloss eis Kanner do ze besichen an hinnen beim Sangen no ze lauschteren an hieren Chreschtmart ze besichen.
Reebou-Pavillon: Kuckt emol eis lecker Vanillekipferl
Zesummen mat de Kanner vun de Cycles 2-3 hunn mir Kreschtdagsgebäck gebak. Am Binôme konnten d’ Kanner hiren Deeg fir bereeden an hir Kitschelcher formen. Eng super Aktivitéit mat guddem Nogeschmaach :-)
Al Gemeng : Fenstermolerei an der Aler Gemeng
Kanner aus dem Cycle 2 hun hier Maison relais verschéinert andeems se mat Window Color d'Fenstere bemolt hunn.