Archive de nouvelles
News
Reebou-Pavillon: E gaaaaanz groussen Tuerm
An de Mëttesstonnen hunn d ‘Kanner nieft dem Iessen och d' Méiglechkeet fir an e Funktioun ‘s Raum ze goen. Haut waren mir iwwert d’ Mëttesstonn an de Bau Raum kucken an waren iwwerrascht doriwwer dass d’ Kanner a kuerzer Zäit esou e héijen Tuerm gebaut hunn.
Sportshal : Chreschtfeier vu der Schoul am Duerf
D’Schoul am Duerf hat haut hier Chreschtfeier an mir hunn eis et net huelen geloss eis Kanner do ze besichen an hinnen beim Sangen no ze lauschteren an hieren Chreschtmart ze besichen.
Reebou-Pavillon: Kuckt emol eis lecker Vanillekipferl
Zesummen mat de Kanner vun de Cycles 2-3 hunn mir Kreschtdagsgebäck gebak. Am Binôme konnten d’ Kanner hiren Deeg fir bereeden an hir Kitschelcher formen. Eng super Aktivitéit mat guddem Nogeschmaach :-)
Al Gemeng : Fenstermolerei an der Aler Gemeng
Kanner aus dem Cycle 2 hun hier Maison relais verschéinert andeems se mat Window Color d'Fenstere bemolt hunn.
Reebou-Pavillon: Ausfluch op de Bauerenhaff
Zesummen mat de Kanner vum Cycle 1 hu mir e Bauerebetrib zu Garnech besicht.
Sportshal: En Nomëtte mat de Flüchtlingsfamilljen
Haut hunn mer a flotten Nomëtte mat de Flüchtlingskanner an hirer Famill am Veräinshaus verbruecht.
Al Gemeng : Vum Sangen a vum Danzen
D'Lescht Woch gouf bei eis am Haus gesongen a gedanzt.
Reebou-Pavillon: Sënnes- a Wahrnemungsspiller
Op Gesinn, héieren, richen, schmaachen oder beréieren, dat sinn déi 5 klassesch mënschlech Sënner. Eis Sënner déngen eis Wahrnehmung a mir benotzen se fir Impressiounen an Reizer aus der Ëmwelt op ze huelen.
Sportshal: Geschichte mam Betsy Dentzer
Mer waren haut an d’Jugendhaus wou d’Betsy Dentzer e puer vu senge flotte Geschichten erzielt huet.
Reebou-Pavillon: Eise WM Projet
Am Kader vun der Fussball Weltmeeschterschaft hunn mir zesummen mat de Kanner vun den Cyclen 2 an 3 en WM Projet op d' Been gesat.