
Reebou-Pavillon: Eise WM Projet
05.12.2022Am Kader vun der Fussball Weltmeeschterschaft hunn mir zesummen mat de Kanner vun den Cyclen 2 an 3 en WM Projet op d' Been gesat.
Fussball ass weltwäit déi beléiftste Sportaart déi vill Läit begeeschtert, egal op jonk oder méi al. Fir den Interessen vun de Kanner entgéint ze kommen, hunn mir e flotten WM Projet op d ‘Been gesat. Mir hunn Fändelen an Trickoten gemoolt, déi bei eis am SEA an de Gäng hänken. Des weideren hunn mer Spillpläng affichéiert, déi d ‘Kanner kennen selwer ausfëllen. Mir hunn de Kanner och d ‘Méiglechkeet ginn fir verschidden Matcher live ze kucken.
Esou sinn d ‘Kanner alleguer um aktuellen Stand betreffend D' WM :-)
» Fotoen