Archive de nouvelles
News
Sportshal: Besuch mit den Kleinen im Gemüsegarten
In den Osterferien haben die Kinder einen Gemüsegarten in Esch besucht.
Al Gemeng : Schoko Cookies
D'Kanner aus dem Précoce- a Spillschoulsgrupp aus der Aler Gemeng présentéieren iech hier lecker schmecker selwer gemaachen Schoko Cookies.
Sonnepavillon : Besuch bei den Päerd
An der Vakanz hunn mir een flotten Ausfluch bei d’ Päerd gemaach. Mir sinn mam Zuch an mam Bus dohin gefuer. Do ukomm konnten d’ Kanner d’ Ponyen an d’ Geessen kämmen an si heemelen. Zum Schluss konnt all Kand een Tour reiden an sech op den Trakter setzen.
Sonnepavillon : Makerspace
Haut waren mer op de Geesseknäppchen an den Makerspace. Do konnten mer eis ënnerschiddlech Materialien ukucken an och testen. Mer hunn eng Täscheluucht gebastelt an konnten dono mat der Täscheluucht am däischteren molen. Dovunner sinn och immens flott Fotoen gemaach ginn.
Sportshal: Mini Golf an der Sportshal
Mat vill Fantasie hu mer an eiser Hal e Mini-Golf Parkour opgeriicht.
Al Gemeng : Groussen Theater am SEA
D'Kanner aus dem Al Gemeng-Grupp hu Poppentheater gespillt.
Sonnepavillon : Paangecher
D’ Kanner vum Cycle 3.2-4.2 haten den Wonsch een mol an der Mëttegstonn eppes ze baken oder kachen. Dofir hunn mer als Ofschloss vum 2. Trimester nom Mëttegiessen zesummen Paangecher gemaach. Si hunn den Deeg selwer gemaach an all Kand konnt seng Paangecher selwer maachen. Dobäi sinn ganz flott an kreativ Iddien opkomm an et huet ganz gutt geschmaacht.
Sportshal: Mini-Kicker bastelen
Wir haben heute aus einem Schuhkarton einen Kicker gebastelt.
Sonnepavillon : Ouschterdeko
D’ Kanner hunn ganz fläisseg un der Ouschterdeko gebastelt. Si hunn e Loftballon opgeblosen. Dunn hunn se Gips driwwer verdeelt an dréchnen gelooss. Wou den Gips gedréchent war ass den Loftballon geplatzt ginn an een Ouschteree ass entstanen. Dunn konnten d’ Kanner nach hiert Ee vun bannen fierwen an fäerdeg war eng flott Deko fir Ouschteren.