
Al Gemeng : Mat Käschte bastelen ass ee Must am Hierscht
04.11.2019Pünktlech zur Joerszäit sinn och dest Joer natirlech nees Käschten a farwech Blieder vun de Beem gefall extra fir vun de Kanner kennen obgeraf ze ginn.
Hierschtzäit ass Bastelzäit; an am flottsten bastelt ee mat Naturmaterialien wéi Käschten, Blieder a klengen Äscht.
Zesumme mat hieren Educateuren sin d'Kanner aus dem SEA an de Parc gangen wou si alles méigleches gesammelt hunn wat ee fir ze bastelen ka gebrauchen.
Zreck am SEA gouf alles op den Desch geluecht a lass gung et; Phantasie a Kreativitéit sinn ongebremst aus de Kanner erausgespruddelt an lauter flott Hierschtdekoratiounen sinn dobäi eraus komm.
» Fotoen