passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Archive de nouvelles


News

Al Gemeng : SEA goes AFRIKA

Freides den 28. Juni hate mir eist Summerfest zum Thema Afrika. Mat villen flotten Animatiounen a Spektakelen wéi z.B. Schattentheater a verschidden Atelier'en war et ee gelongenen Owend.
Publizéiert den 08.07.2019

Sportshal: Graffiti

Kanner haten Iddi een Graffiti ze molen.
Publizéiert den 05.07.2019

Sonnepavillon : Kachbuch

Eis Kanner sinn fläisseg um kachen an baken fir hiert eegent Kachbuch opzestellen.
Publizéiert den 04.07.2019

Al Gemeng : Een Indianer kennt selten aleng!

"Indianer spillen ass Tipi Top" sooten d'Kanner aus dem Spillschoulsgrupp an haate vill Spaass.
Publizéiert den 01.07.2019

Reebou-Pavillon : Uebst Nomëtteg

Kreativ Virbereedung vun der Collatioun

 

Publizéiert den 01.07.2019

Sonnepavillon : Picknick

D’ Kanner haten vill Spaass dobäi an der fréier Natur ze picknicken an dono an der Wiss ze lafen an ze spillen.
Publizéiert den 28.06.2019

Sportshal: Eng waarm Woch

Opgrond vun de héijen Temperaturen des Woch si mer am Gebai bliwwen.
Publizéiert den 28.06.2019

Al Gemeng : Selwer gekacht schmaacht et nach eng Kéier sou gudd.

D'Kanner aus dem SEA hu sech ee Menü erausgesicht deen si all zesumme gekacht hunn.
Publizéiert den 24.06.2019

Sonnepavillon : Bastelen an enger Mëttegstonn

An der Mëttegstonn hunn mer mat de Kanner Blummen aus Eeërkartrong gebastelt. D ‘Kanner konnten hirer Fantasie freien Laf loossen an hunn d‘ Faarwen selwer gemëscht. Dobäi sinn ganz schéin Faarwen entstan an d’ Kanner hunn geleiert wéi eng Faarwen mateneen muss gemëscht ginn fir z.B giel oder gréng ze kréien.
Publizéiert den 21.06.2019

Sportshal: Bastelen fir Mammendag

Eis Kanner wollten hier Mammen fir Mammendag mat engem flotte Cadeau iwwerraschen.
Publizéiert den 18.06.2019

Al Gemeng : Flott Bastel-Iddiën

Zesumme mat de Kanner aus dem Sonnepavillon hu mer e puer flott Bastel-Iddiën realiséiert déi ganz liicht nozemaache sinn.
Publizéiert den 17.06.2019

Sonnepavillon : Mir bastelen Himmelsdéiercher

Mer hunn Himmelsdéiercher gebastelt. Ech hat den Kanner eng Virlag ginn wéi een et kéint maachen. Si konnten dunn hirer Kreativitéit freien Laf loossen an bastelen wéi et hinnen gefält. Déi eng wollten faarweg an di aner schwaarz Punkten. Dobäi sinn ganz schéin Himmelsdéiercher raus komm.
Publizéiert den 14.06.2019