passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Archive de nouvelles


News

Sportshal: Mir bauen een Zeitungsregal

An eisem Wierk-raum hat e Kand Iddi e Regal fir seng Zeitungssammlung ze bauen.
Publizéiert den 11.06.2019

Al Gemeng : Selfmade Plasteline

D'Kanner aus dem Spillschoulsgrupp hu selwer Plasteline gemaach an haaten hiere Spaass beim knieden, formen a gestallten.
Publizéiert den 10.06.2019

Reebou-Pavillon : Eise Motorik Sall

«Spaass um Beweegen»

Publizéiert den 10.06.2019

Sonnepavillon : En Dag an der Natur

An der Vakanz waren mär een Dag an d' Natur vun Beetebuerg. Mär hunn eis op d' Sich gemaach no neien a flotten Plazen zu Beetebuerg. Mär sinn dunn an de Bongert beim Bësch gaangen an hunn eis et do gemittlech gemaach. Nodeems mär nach e puer Spiller gemaach hunn, hunn mär eis eisen Picknick gutt schmaachen gelooss. Duerno sinn mär nach e bëssen weider spazéieren gaangen ier mär eis erëm op de Wee fir Heem gemaach hunn.
Publizéiert den 07.06.2019

Sportshal: Mir waren am Naturpark Uewersauer

Mer waren an der Päischtvakanz am Naturpark Uewersauer wou mir vill spadséiert sinn
Publizéiert den 06.06.2019

Al Gemeng : Op de Spueren vun den Déieren

D'lescht Woch sin d'Kanner aus dem SEA Al Gemeng mat den Educateuren an t'Haus vun der Natur op d'Kockelscheier gefuer fir sech op d'Spueresich vun den Déieren ze maachen.
Publizéiert den 04.06.2019

Sonnepavillon : Bolinhos de Bacalhau

Mär hunn op d' Nofro vun de Kanner eng Aktivitéit mam Kach geplangt, fir zesummen mat him "Bolinhos de Bacalhau" ze kachen. Et war immens flott eng nei Kichen an eng aner Kultur kennen ze léieren. Nom Kachen hunn d’ Kanner sech d’ "Bolinhos de Bacalhau" gutt schmaachen gelooss.
Publizéiert den 31.05.2019

Sportshal: Wanderung duerch den Mëllerdall

Haut si mer de ganzen Dag duerch eist schéint Mëllerdall gewandert.
Publizéiert den 28.05.2019

Sonnepavillon : Ee gemittlechen Picknick

Haut de Mëtten hunn mär vun deem schéinen Wieder profitéiert an sinn trëppelen gaangen. Mär hunn no enger gudder Plaz gesicht fir ee Picknick ze maachen. Wéi mär bis eng Plaz fonnt haten hunn mär eis et op der Decken gemittlech gemaach an eis d' Schmieren gutt schmaachen gelooss.
Publizéiert den 22.05.2019

Al Gemeng : Mir ginn op den Airtramp

Ennert Opsiicht vun eisem geschoulte Personal konnten Kanner sech um Airtramp ausloossen.
Publizéiert den 20.05.2019

Sonnepavillon : Plastilin

D’ Kanner hunn mat ganz vill Gedold een Haus an en Stall aus Plastilin fir hier Playmobil’s Famill mat hieren Deieren gebaut.
Publizéiert den 14.05.2019

Al Gemeng : Schattentheater am SEA

Immer mal was Neues.
Publizéiert den 13.05.2019