
Al Gemeng : Ee selwer gebastelten Adventskalenner
14.12.2020Een Adventskalenner mecht zweemol esou vill Spaass wann een e selwer bastelt.
Zesumme mat hieren Educatricen hun d'Kanner 24 Tiitecher préparéiert. Si hu se gemolt a mat Stäre bepescht a mat schéine Sachen dekoréiert. Du kruten se alleguer eng Nummer vun 1 bis 24.
Wéi d'Tuten bis all prett waren goufen 2 Ficellen queesch duerch de Raum gespant.
Dono hun d'Tiitecher just nach missen mat klengen Iwwerraschunge gefëllt ginn (ouni dass d'Kanner daat duerfte gesinn natirlech) a scho konnt den Adventskalenner mat Klameren un de Ficellen opgehange ginn.
All Dag huet lo een anert Kand d'Freed fir eng Tiitchen opzemachen an ze luussen waat dran ass.
Ma daat ass eng grouss Freed.
» Fotoen