
Reebou: Kreativ Virbereedunge fir eng flott Wanterzäit
16.11.2026D'Kanner si mat vill Begeeschterung an de Virbereedunge fir eise Wantermaart. An enger gemittlecher a kreativer Atmosphär entstinn eenzegaarteg Dekoratiounen, déi spéider um Maart presentéiert ginn.
Mat vill Fantasie a Geschéck gestalten d'Kanner aus verschiddene Materialien schéin an originell Wanter Dekoratiounen. Dobäi léieren si, wéi ee mat einfache Mëttelen eppes Neies an Dekoratives schafe kann. Gläichzäiteg ginn hir Kreativitéit, hir Fein Motorik an hir Freed um Gestalten gefërdert.
» Fotoen