
Al Gemeng : Wellness Center SEA Al Gemeng
07.03.2022Wellness ass bestemmt net nemmen eppes fir déi Grouss.
Och Kanner loossen sech gär verwinnen an et ass nach méi flott wann ee Spaass dobai huet.
Wéi an engem richtegen Wellness Center sutzen d'Kanner ee vis-à-vis vun deem aaneren an hun mat enger Handmassage ugefangen. Mat deem richtegen Ueleg krut deen een vun deem aneren t'Hänn masséiert a getriwwelt.
Dono krut och nach jiddereen dee wollt ee Fussbad mat Massage.
Ei daat huet richteg gudd gedoen.
Ech ferte just wann d'Mammen a d'Pappen eis Aktivitéit elo hei liesen dann stinn si glaich an der Schlang hei am SEA fir och esou gudd vun de Kanner verwinnt ze ginn.
» Fotoen