
SEA Sonnepavillon: Eng lecker Glace
21.08.2026Dës Woch hu mir zesumme mat de Kanner eng lecker Vanillsglace mat Schokostécker selwer hiergestallt. Dës Aktivitéit war fir d'Kanner eng flott Geleeënheet, fir d'Welt vum Kachen a Baken op eng spilleresch Aart a Weis z'entdecken.
D'Kanner konnten aktiv un der Preparatioun deelhuelen. Als éischt hu si déi verschidden Ingredienten kennegeléiert an entdeckt, wat alles gebraucht gëtt, fir eng Glace ze maachen. Mat vill Begeeschterung hu si gehollef d'Ingrediente ofzemoossen, ze mëschen an déi eenzel Etappe vun der Zoubereedung matzemaachen. Dobäi hu si geléiert, wéi wichteg et ass, zesummenzeschaffen an sech géigesäiteg ze hëllefen.
Während der Preparatioun ware vill Virwëtz an Opreegung ze spieren. D'Kanner hunn observéiert, wéi aus den eenzelnen Ingredienten lues a lues eng lecker Glacemëschung entstanen ass. Besonnesch d’Schokostécker hunn fir vill Begeeschterung gesuergt.
No der Preparatioun koum natierlech de laang erwaarde Moment: d'Glace gouf zesumme geschmaacht! Mat vill Freed a Genoss hunn d'Kanner hiren eegene selwer gemaachten Dessert probéiert. De Stolz war grouss, well si aktiv un der Entstehung vun der Glace bedeelegt waren.
Et war eng flott, kreativ a virun allem lecker Aktivitéit, bei där d'Kanner vill Spaass haten, nei Erfarunge sammele konnten an mat Freed hiren eegene Dessert genoss hunn.
Är kleng Genießer vum SEA
» Fotoen