
Cycles 1-4 Vakanzaktivitéiten 2026
03.08.2026Endlech ass et esou wäit: D’Vakanzaktivitéiten hunn ugefaangen!
Mat engem flotte Spill- a Kenneléiernomëtteg sinn d’Vakanzaktivitéiten fir d’Cyclen 1 bis 4 offiziell gestart. Kanner an Animateuren haten direkt vill Spaass a konnten sech an enger flotter Atmosphär besser kenneléieren.
Dëst Joer huelen am Ganze 324 Kanner un de Vakanzaktivitéiten deel. Si ginn dobäi vun enger motivéierter Equipe aus 38 Animateuren an 8 Educateuren duerch de Summer begleet.
Mir freeën eis op dräi Woche voller spannenden Aktivitéiten, flotten Erfarungen an onvergiessleche Momenter. Mir wënschen allen eng schéi Vakanz an eng ganz flott Zäit bei den Vakanzaktivitéiten!
» Fotoen