Al Gemeng : Mam Mini-Floos iwwert d'Beetebuerger Baach
13.06.2022Ee Floos bauen daat kann dach jidereen!
Mee ee mega coolt farwegt Mini-Floos bauen, daat ass eng Konscht fir sech.
Bengele sammelen stung als éicht mol um Programm; kleng riicht an zolitt Bengelen si gebraucht ginn.
Dono ass d'Farw an d'Spill komm an d'Kanner konnten t'Holz no Loscht a Laun farweg molen.
Als Seegel huet missen ee klengt Steck Stoff duerhalen waat och mat Kannerkonscht verziert gouf.
Lo gung et drems fir alles zesummen ze setzen an déi kleng Holzstecker esou mateneeen ze verstrecken dass se net méi auserneen falen.
Dono gouf de grousse Mast montéiert an d'Seegel opgehang; a scho war d'Floos prett fir an d'Waasser.
D'Kanner ware richteg gespaant wéi se hiert Konschtwierk an d'Baach geloos hun. An wéi erward ass et net ennergang mee huet sai gemittleche Wee iwwert d'Waasser gemach.
» Fotoen