
Sonnepavillon : Mir stellen Biller mat Natur Material am Haff hir
22.08.2023Am Haff zu Näerzeng hu mir vill Natur Material fonnt, wei z.B. Dännenzapfen, Mulch, Sand, verschidden Blummen, Blieder an verschidden Steng.
Mir hunn zesummen iwwerluecht wat mir domat maachen kennen, an sinn op d’ Idee komm Biller mat dësem Material ze leeën an hirzestellen. Dobäi sinn ëmmer erëm nei Ideeën entstanen, an mir haten flott Resultater.
En geometreschen Mandala, eng Sonn als Symbol vir de SEA Sonnepavillon, an e Kapp deen aus sengem Mond Blummen bléist sinn entstanen.
» Fotoen