passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: D' Kanner aus dem SEA hunn den Bewunner/innen aus dem Altersheem an de Wisen eppes Klenges gebastelt

12.02.2025

Eng flott Mëschung aus intergenerationeller Aarbecht an Gedächtnistraining



Eemol am Mount gi mir mat de Kanner aus dem SEA an d'Altersheem, fir mat de Bewunner/innen duerch verschidden Aktivitéiten eng flott Zäit ze verbréngen. Bei dëser Geleeënheet ass d'Iddi entstanen, hinnen mat selwer gemaachte Kaarten eng besonnesch Freed ze maachen.

D’Kanner hunn op Zeechepabeier faarweg Biller gezeechent, déi dann an eng extra dofir gebastelt Këscht geluecht goufen. 47 Kaarte fir 47 Wochen, sou datt d'Senioren bis Enn vum Joer all Woch eng nei Kaart eraushuele kënnen.

D'Kaarte weisen op der viischter Säit Joreszäiten, Feierdeeg oder speziell Evenementer. Op der Récksäit befannen sech dogéint al lëtzebuergesch Spréch, déi d'Bewunner/innen warscheinlech selwer dacks benotzt hunn an dohier kennen.




» Fotoen