passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Um Haff Tempels

02.11.2021

Den Haff Tempels gehéiert zu den regionalen Qualitéitsproduzenten.
Well mir als SEA um Projet "Natur genéissen" Deel huelen wollten mir mol op Besuch bei een vun den lëtzbuergeschen Produzenten goen.

Mam Zuch si mir bis op Uerwerkuer gefuer. Net wäit vun der Gare ewech befënnt sech den Haff Tempels. Hei si mir ganz léif empfaangen ginn an sinn duerch d' Scheier, déi voll mat Kalbassen war, begleet ginn. Mir hunn eis Kalbassen erausgesicht fir eis geplangten Kach- an Bastelaktivitéiten vun den nächsten Deeg. Um Bauerenhaff konnten mir ons dunn och nach d' Déieren ukuken an Nëss oprafen goen.
Zwee Deeg drop ass bei enger 1. Aktivitéit aus engem kléngen Kalbass eng Flantermaus entstan.




» Fotoen