
Sonnepavillon : Mär bastelen en Igel
29.10.2020Zesummen mat den Kanner hunn mär mat Materialien aus der Natur en Igel gebastelt.
D' Kanner hunn sech an eiser flotter Werkstatt ëmkuckt an ënnerschiddlech Materialien wéi Neel, Hummer, Pechpistoul, See an Schläifpabeier) entdeckt. D' Kanner hunn doropshin mat Hëllef vum Erzéier d’ Holz selwer geschnidden, geschlaff, gepecht, gemoolt an d’ Neel an d' Holz gehummert.
Esou ass schlussendlech en ganz léiwen Igel entstanen, deen mär an eiser Expo ausgestallt hunn.
» Fotoen