passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Harespelen a Beien

20.07.2022

Bei eis dréint sech den Moment alles ëm d’ Thema Harespelen a Beien.

Et sinn 2 Beien Beroder vun der Gemeng Beetebuerg bei eis komm, fir den Kanner dëst Thema méi no ze bréngen.

Hei kruten d’ Kanner erkläert, wei eng Beien an Harespelen et hei am Land ginn an wéi een sech am Ëmgang mat hinnen soll verhalen. D’ Kanner kruten Näschter gewisen an konnten hir Froen dozou stellen.

Mir hunn Beienwaben, Deko fir an eisen Restaurant gebastelt an hunn Beiewuëss Dicher gemaach.

 




» Fotoen