passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Haff Tempels

01.09.2023

Op engem schéinen sonnegen Dag sinn mir op den Haff Tempels gaangen.



Mir sinn bei Kéi gaangen an konnten Verschiddener heemelen. D’ Kanner hunn sech vill gefreet wou mir 2 Wochen al Källef gesinn hunn. Interessant ze gesinn war et, wéi d’ Källef mat hirer Schnuff widder een Knäppchen gedréckt hunn fir frëscht Waasser aus der Leitung ze kréien.

An der nächster Etapp konnten Kanner mat Weess an der Hand zwou Geessen ulackelen a fidderen.

Zum Schluss sinn mer bei d’ Hénger luussen gaangen, op Si Eeër geluecht hunn. D’ Kanner hu bemierkt, dass déi brong Hénger brong Eeër geluecht hunn an déi wäiss Hénger wäiss Eeër.

Eis Kanner waren esou interesséiert, dass si den Bauer gefrot hunn wéi eng Déieren hien op sengem Haff sou alles hätt. Kéi, Geessen, Hénger an souguer Fësch huet de Bauer geäntwert. D’ Kanner sinn bei den Fësch Weier gaangen an waren erstaunt, dass net nëmmen faarweg Fësch dran waren mee och fir Déieren nëtzlech Planzen.

Als Ofschloss vun der Visite beim Bauer hunn mer ganz entspaant eist Bréitchen beim Weier giess an sinn dunn op den Zuch gaangen.




» Fotoen