passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Wësst dir vu wou de Basilikum African Blue hierkënnt?

07.10.2024

Genau esou eng Fro hunn d‘ Kanner aus dem Cycle 3.2 sech gestallt, an si sinn op eng spannend Entdeckungsrees gaangen, andeem si zu eisen Tabletten zougegraff hunn.



D’ Recherche am Internet iwwer d‘ Hierkonft vun dëser spezieller Basilikumzort huet hinnen e puer Informatiounen ginn. De Basilikum African Blue ass net just eng gewéinlech Planz. D’ Kanner hunn erausfonnt, dass hien aus enger Kräizung vun 2 Basilikumzorten entstanen ass: dem purpuren Basilikum an dem afrikaneschen Basilikum. Obwuel hien seng Wuerzelen am tropeschen Afrika huet, gëtt hien haut ganz uechter d‘ Welt ugeplanzt am zwar virun allem a Länner mat méi mëllem Klima. Hien ass bekannt fir säin besonneschen Aroma an fir seng Resistenz géint d‘ Keelt.

Duerch hier Fuerschung an d’ Benotzen vun de Medien, hunn d‘ Kanner net nëmmen méi iwwert dës Planz geléiert, mee och hier Fäegkeeten wéi am Internet recherchéiert ka ginn, entwéckelt. Eng flott a léierräich Aktivitéit, déi d‘ Kanner mat vill Freed ofgeschloss hunn.




» Fotoen