
Cycle 4 Vakanzaktivitéiten 2026
13.08.2026Eng erfrëschend Auszäit fir de Cycle 4 zu Mamer Drëps.
Am Kader vun de Vakanzaktivitéiten huet de Cycle 4 e flotten an ofwiesslungsräichen Dag zu Mamer Drëps verbruecht.
Bei de waarmen Temperaturen koum d’Ofkillung genee richteg: D’Kanner konnten am Waasser spillen, sech erfrëschen a sech zesumme richteg austoben. Dobäi gouf vill gelaacht an déi gemeinsam Zäit genoss. Kanner haten souguer een Krebs fonnt an gebastelt gouf och nach.
Nieft dem Spaass am Waasser stoung virun allem dat gemeinsaamt Erliewen an d’Zesummesinn am Mëttelpunkt. Eng flott a wëllkomm Ofkillung an e gelongenen Dag am Kader vun eise Vakanzaktivitéiten!
» Fotoen