
SEA Beetebuerg: CHICO Kannerkonferenz 2026 – „Ech sinn wichteg, ech spillen“
02.04.2026Den 1. Abrëll 2026 ware mir mat eise Kanner op der CHICO – Children’s Conference um Geesseknäppchen. Ënnert dem Motto „Ech sinn wichteg, ech spillen“ huet sech deen ganzen Dag ëm d’Thema Spill gedréint – an natierlech gouf och vill gespillt!
Moies sinn ronn 90 Kanner aus verschiddene SEAen aus dem ganze Land ukomm. Fir e gudde Start an den Dag gouf et e leckert Frühstück mat Bréitchen, Uebst, Jus a Choky. No engem flotte Kenneléieren, ënner anerem mat engem Bingo-Spill, konnten d’Kanner an déi Erwuessener sech besser kenneléieren.
Duerno haten d’Kanner d’Méiglechkeet, selwer ze entscheeden, un wéi enge Spillaktivitéiten si wëlle deelhuelen. Ob Beweegungsspiller oder Quiz – et war fir jiddereen eppes dobäi.
Nieft dem Spill stoung awer och den Austausch am Mëttelpunkt: An hire SEA Gruppen hunn d’Kanner sech am Kader vun engem World Café mat verschiddene Froen zum Thema Spill beschäftegt, diskutéiert an hir Iddien opgeschriwwen.
Fir d’Mëttegiessen gouf et eng lecker Lasagne an als Dessert Marmorkuch – eng richteg Stäerkung fir de Rescht vum Dag!
Nom Iessen konnten d’Kanner sech fräi an de verschiddene Spillatelieren beweegen. Vum Baueck, iwwer eng Bewegungslandschaft bis hin zu kreativen an digitalen Aktivitéiten – d’Offer war immens villfälteg. Och mir Erwuessener haten vill Spaass dobäi a konnten aktiv matschaffen an matspillen.
E besonnescht Highlight fir vill Kanner war et, Interviewen ze maachen. Si konnten sech souguer selwer virun d’Kamera trauen an Interviewe fir RTL Télé Lëtzebuerg ginn – eng spannend Erfarung!
Et war fir eis alleguer e richteg flotte a gelongenen Dag, voll mat Spaass, Austausch a wichtegen Erfarungen. Mir freeën eis elo schonn op d’CHICO 2027!
» Fotoen
» www.rtl.lu/news/national/spillen-ass-vill-mei-wei-just-eng-aktiviteit-1352943152