passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Tour de Luxembourg 2018

12.06.2018

Donneschdes den 31.05.2018 war zu Hesper d’Arrivée vum Tour de Luxembourg. Mir sinn zesumme mat de Kanner mam ëffentlechen Transport dohinner gefuer.

Dohannen ukomm waren d’ Kanner schonn ganz opgereegt, well se e puer Undenken un dëse flotten Dag kruten: eng Kap, Bidons, Gummibärecher an e Gadjet fir Kaméidi ze maachen, wann d’ Coureuren laanscht komm sinn. Ganz gespaant hunn si ëmmer ob d ‘Vëlosfuerer gewaart fir kënne Kaméidi ze maachen an si ze encouragéieren.

Wéi d’Course fäerdeg war, hu mir erëm zesummen den ëffentlechen Transport zeréck ob Beetebuerg geholl.


» Fotoen