
Al Gemeng : Spa Day Al Gemeng
18.07.2022Nirwent deem ville Stress deem d'Kanner an hierem Alldag ausgesat sinn ass et och wichteg fir Aktivitéiten ze machen déi Rouh a Genéisse mat sech brengen.
Aus deem Grond gouf ee Spa Day am Spillschoulsgrupp organiséiert wou d'Kanner geléiert goufen wéi een eng Gesiichtsmask selwer mecht a wéi een daat am beschte ka genéissen.
Een deem aneren hun d'Kanner sech d'Crème am Gesiicht verdeelt. Aleng d'Verreiwen vun der Mask war schon agréabel well et e besse gekëddelt huet an och schéi frësch war.
Dono hun si sech nach déi obligatoresch Cornichong op d'Guckelcher geluecht a scho waren se prett fir sech gemittlech op de Reck ze leeën.
Wann een d'Fotoë kuckt kann ee schon bal e besse jalous op d'Kanner ginn.
» Fotoen