passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Eng ganz Woch zum Thema Bauerenhaff

06.08.2018

Vum 16. bis den 20. Juli war am Spillschoulsgrupp d'Thema vun der Woch "DE BAUERENHAFF". Iwwer vill verschidde flott Weeër gouf de Kanner den Alldag um Bauerenhaff méi no bruecht.

Fir de Projet anzeleeden gouf am Virfeld am Grupp vill iwwert de Bauer a säin Haff geschwat a mat Biller, Fotoen, Bicher an CD'en illustréiert.
Wéi d'Kanner du prett a firwelzeg genuch waren, koum dee groussen Dag wou d'Visite um Bio-Bauerenhaff zu Leideleng ustung. Do huet de Bauer de Kanner villes erkläert a gewisen an si konnten "life" materliewen wat op engem Bauerenhaff sou lass ass.
Si konnten souguer beim Stall mëschten hëllefen a sinn och mat villen Déieren a Kontakt komm déi si geheemelt oder gefiddert hunn. 
Den Héichpunkt war, dass si sech konnten op deene grousse Botten austoben.
D'Eeër déi d'Kanner agesammelt hunn, duerften se mathuelen an doraus gouf an der Maison Relais nach eng gutt Omelett gemach. Ei, waat war déi gutt!! 

Als Ofschloss vun der Themewoch hun d'Educatricen de Kanner nach ee flotte "Bauerenhaff-Rallye" am Gemengepark organiséiert.
Hei hunn d'Kanner missen 10 Statioune sichen déi mat engem Déierebild gekennzeechend waren. Op all Statioun kruten si Froe gestallt iwwert de Bauerenhaff. Ween also gutt op der Visite um Bio-Bauerenhaff opgepasst hat konnt se alleguer ganz einfach beäntwerten.
Am Zil ukomm krut all Kand nach eng Belounung, natirlech passend zum Thema Bauerenhaff.


» Fotoen