
Sonnepavillon: Make ’n’ Break XXL
22.10.2026Mat vill Freed, Beweegung a Teamgeescht hunn eis Kanner dat bekannte Spill Make ’n’ Break an enger ganz grousser Versioun entdeckt. Bei dëser XXL-Variant hu si mat grousse Schaumstoffformen gebaut.
Beim Spill geet et drëms, verschidde Bauwierker no enger Virlag nozebauen. Amplaz vu klenge Bausteng benotzen d’Kanner hei grouss a liicht Schaumstoffformen. Op enger Kaart gesi si, wéi d’Bauwierk ausgesi soll, an dono probéiere si, déi passend Formen an der richteger Reiefolleg openeen ze setzen.
Dobäi si Konzentratioun, Iwwerleeung a gutt Zesummenaarbecht gefrot. Wéi eng Form kënnt ënnen? Wéi eng gehéiert uewen? A wéi mussen déi eenzel Deeler gedréint ginn, fir datt d’Bauwierk stabil bleift?
Wann e Bauwierk emol zesummefält, ass dat guer kee Problem. Da gëtt zesumme gelaacht, nogeduecht an einfach nach eng Kéier probéiert. Sou stoung nieft dem Spaass och d’Fërderung vun der Feinmotorik, der raimlecher Virstellung an dem Teamgeescht am Mëttelpunkt.
» Fotoen