passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Vakanzaktivitéiten 2021 Cycle 4 Bëschwoch

16.08.2021

Den Cycle 4 verbréngt déi zweet Woch vun den Vakanzaktivitéiten mat engem Naturpädagoge am Bësch.

Vun Hütten bauen, Feier maachen, zesummen kaachen an Messeren schnitzen fir jiiddereen ass dës Woch eppes dobäi.
Éischten Dag:
Mir hunn eis haut vun deenen Schauer net aus der Rou brengen geloos an hunn eis Hütten an Steenzäit Messeren weider gebaut.
Zweeten Dag:
Haut goufen Speerer gebaut an den Emgang domat erklärt, verschiedenen Typen vun Faalen gewisen, an natierlech kräfteg weider un den Hütten gebaut.
Drëtten Dag:
Mir hu geléiert en Bou ze bauen, aanerer hun weider un hiren Hütten geschafft oder probeiert Faalen opzestellen.
Zum Schluss vum Dag sin nach e puer Spiller gemach gin bei deenen och dAnimateuren alles gin hun an un d'Schweesen komm sin. 
Veierten Dag:
Haut gouf probeiert mat engem Feierbou Feier ze maan. Oft huet et ugefang ze dämpen mee et ass net duergaang fir en Feier ze entfachen, daat probéieren ma muer einfach nach emol. Ob eisem Feier gouf dun Stockbrot geback daat mir eis all gudd schmaachen geloos hun. Mir hunn och nach Feiler gebaut fir kennen op d"Juegd" ze goen.
Fënneften Dag: Den Cycle 4 huet haut geleiert richteg mat Speer an Bou ze scheissen. Des weideren hun mir erem probeiert eist Feier un d'goen ze kréien. Zum Ofschloss hun mir eis Hütten ofgerappt am Marshmellows giess.




» Fotoen