Sonnepavillon: E flotten Nomëtteg bei Co-Labor
24.06.2026Bei eisem Besuch bei Co-Labor konnten d’Kanner e spannende Nomëtteg am Gaart verbréngen.
Si hunn Insekten entdeckt, un flotte Workshops deelgeholl, gemoolt, gespillt a sech beim Waasseratelier erfrëscht.
D’Kanner haten vill Spaass a konnten d’Natur an de Gaart op eng spilleresch Aart a Weis entdecken. Dobäi goufe si vum frëndleche Co-Labor-Team ganz engagéiert begleet.
Kuckt Iech gär d’Fotoen un a kritt en Abléck an dëse flotte Besuch!
» Fotoen