
Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026
11.08.2026En erliefnisräichen Dag um Hans Haff
De Cycle 1 hat e spannenden Dag um Hans Haff verbruecht. Hei konnten d’Kanner d’Liewen um Bauerenhaff aus nächster Géigend entdecken a vill Neies iwwer déi verschidden Déiere léieren.
Besonnesch d’Kéi, d’Päerd, d’Hinger an d’Huesen stoungen am Mëttelpunkt. Dobäi gouf et vill ze gesinn an ze entdecken: vun der sougenannter „Kou-Pizza“ bis hin zur frëscher Mëllech kruten d’Kanner en interessanten Abléck an den Alldag um Haff.
Mee um Bauerenhaff heescht et natierlech och mat upaken! D’Kanner konnten selwer aktiv ginn, bei verschiddenen Aufgaben hëllefen an esou erliewen, wéi vill Aarbecht hannert dem Liewen op engem Haff stécht.
Zum Ofschloss gouf et nach kreativ: Jidderee konnt seng ganz eege Kou molen an domat eng flott Erënnerung un dësen ofwiesslungsräichen Dag mat heem huelen.
En Dag voller Déieren, neien Entdeckungen, prakteschen Erfarungen a vill Spaass!
» Fotoen