
Al Gemeng : Theatersteck "Frederick"
15.07.2019Den Spillschoulsgrupp war mat hieren Kanner op Esch den "Frederick" an den Theater kucken.
En flotten Nomëtteg hunn d'Kanner vum Spillschoulsgrupp zu Esch verbruecht.
Fir d'éischt sin si alleguer an den Theater gaangen, wou sie d'Stéck " Frederick" kucken waren. Hei handelt et sech em eng Famill vu Feldmais, déi an enger Mauer wunnen, no bei engem Baurenhaff. De Bauer ass geplënnert, an d’Scheier ass eidel. Et gëtt Hierscht, an d'Mais musse Provisiounen fir de Wanter maachen. Se schaffen all mat, just den Frederick net. Amplaz Maïs, Ness a Friichten am Lach an der Mauer unzeheefen, sëtzt de Frederick do an dreemt. Déi aner Mais froen hien “Ma wat méchs du do, amplaz eis ze hëllefen?, mee seng Antwerte bleiwen rätselhaft.
De Frederick sammelt schéi Faarwen, Sonn, Musek a schéi Wieder fir déi lang Wanterowenter. Hie gëtt zu engem, deen aus dem Näischt Freed a Schéines erbäi zaubere kann… Hien ass e richtegen Zauberer!
De Kanner hiren Emotiounen waren freien Laaf gelooss.
Zum Ofschloss kruten d’Kanner nach eng Glace zur Ofkillung, bevir et nees mam Zuch zréck an d'SEA gaangen ass.
» Fotoen