
Sportshal: e flotten Nomëtten ob der Straussefarm
01.04.2025Zesumme mat Aktiv Plus hate mer e flotten Nomëtten ob der Straussefarm. Nodeems mer häerzlech begréisst goufe krute mer als eicht den Haff erkläert den an éischter Linn e Mëllechbetrib ass. Mer konnten eis als Källefcher ukucken an hate vill Freed drun ze heemelen.
Mer kruten villes iwwert di interessant Welt vun de Strausse gezielt a hu geleiert wie schnell sou e Strauss ka lafen, wie grouss d‘Eeër sinn di sou e Strauss leet an hier Fäegkeet sech un hier Emgeigung unzepassen.
Mer kruten d’Geleeënheet déi virwëlzeg Deiere mat Hëllef vu klenge Schëppen ze fidderen.
Och di aner Deieren um Haff konnte mer eis ukucken a Kanner hu ganz faszinéiert engem klenge Lämmchen eng Fläsch mat Mëllech ginn.
D’Kanner a Senioren hunn sech gefreet de Nomëtten zesummen ze verbréngen an et komme mat Sécherheet nach den en oder aneren Nomëtten dobäi.
» Fotoen