passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Vakanzaktivitéiten: 21/08 Cycles 2+3

23.08.2018

Een Dag am Park Sënnesräich

De Park Sënnesräich zu Lëllgen ass wierklech eng Visitt wäert. Mir ware mat de Kanner vun de Cyclen 2+3 ee ganzen Dag dohinner an hunn ganz vill erlieft: mir kruten eppes iwwert eis 5 Sënner erkläert a konnten och selwer verschidde Saachen ausprobéieren. Duerch einfach, schnell a lëschteg Experimenter konnte vill chemesch, biologesch a physesch Phänomener duergestallt ginn a Kanner konnten esou ee kléngen Abléck an Naturwëssenschafte kréie wei dir op de Fotoen a Videoe kënnt gesinn. Och hiren "Garten der 5 Sinne" ass super interessant: eng Spillplaz, ee Mini-Stade, ee grousst Labyrinth, ee Gaart an een "Barfusspfad" lueden Kanner an sech auszetoben an ze experimentéieren.


» Fotoen
» www.sennesraich.lu/fr/