
Sonnepavillon : Mir bereeden eis Iesskäschten vir
21.10.2024Wann d’ Blieder vun de Beem falen dann wësse mir: Et ass Käschten Zäit.
Zesummen hunn mir Iesskäschten zoubereet. Schratt fir Schratt sinn mir virgaangen. Fir d‘ éischt hunn mir d‘ Käschten ageweecht an dono sinn se ugeschnidden ginn. Wéi dat gemaach war, hunn mir d‘ Käschten ob ee Blech geluecht an ab mat hinnen an de Bakuewen.
Ei, direkt aus der Schuel gepellt, nach waarm, hunn mir eis se all zesummen schmaachen gelooss.
» Fotoen