passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Ee Besuch am Haus vun der Natur

30.04.2025

Een Ausfluch an t'Haus vun der Natur ass emmer dowert a mecht de Kanner vill Spaass.



Des Kéier kruten d'Kanner gewisen wéi een aus verschiddenen Naturmaterialien selwer Waasserfarwe kann hierstellen.

Fir d'éischt ass d'Material am Mörser kleng gedretscht ginn an mat enger Pippette no an no Waasser dobai gemach gin bis dass eng deckflësseg Mass enstaan ass.

Dono ass alles an eng Stremp gefëllt an ausgedreckt ginn a scho war d'Farw prett fir gebraucht ze ginn.

Waat ganz intressant war, war dass d'Kanner (an déi Grouss) geléiert hun dass een aus dem roude Kabes 3 verschidde Farwe ka machen deemno waat een dobai mëscht, zB Zitroun, Natron oder Waasser.

Mat de ferdege Farwe gung et dunn ob déi künstleresch Sait an d'Kanner konnten hieren eegene Fändel op kleng Stoffstecker molen.

Soulang deen drëschene geloos ginn ass goufen nach kleng Konschtwierker aus Naturmaterial gemach waat de Kanner och gutt gefall huet.

Nächste Schrëtt: Stiwwelen a Jacketten un a séier eraus dee passende Bengel fir de Fändel siche goen.




» Fotoen