passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Vakanzaktivitéiten: 13/08 Themendag „Jonk an Al“ Cycle 1

13.08.2019

Haut war eisen éischten Themendag, wou mir eis Thema «Jonk an Al» iwerluecht haten. Mir wollten de Kanner Spiller vu fréier weisen déi mir als Kanner och gespillt hunn.

Fir dëst ze maachen, hu mir 4 verschidde Statiounen obgeriicht. Bei der éischter Statioun hun Kanner missten e Parkuer ob Stelzen duerchlafen an dono war um Buedem Spill «Himmel und Hölle» gemollt wou si hu missten sprangen. Ob der zweeter Statioun hunn si Keele geschoss an eng Course gemaach. Ob der drëtter Statioun hunn si «Seel zéie» probéiert a sinn am Seel gesprongen. Ob der lëschter Statioun konnten Kanner e Bild molen fir d’Bewunner vum Altersheem «An de Wisen». No de Statiounen hu mir all zesumme gies a sinn zum Ofschloss bis bei Altersheem getrëppelt an hunn d’Biller do mat engem klenge Bréiw an d’Boîte geheit. Dono hu mir eis ërem ob de Wee an Sportshal gemaach an Kanner sinn vun hieren Elteren ofgeholl ginn.


» Fotoen