
Reebou-Pavillon: Flott Fänkspiller
14.11.2022Zesummen mat de Kanner aus de Cyclen 2 an 3 hunn mir flott Fänkspiller am Motorik Sall gespillt.
Fänkspiller gehéieren zu den eelsten a beléiftste Spiller. Nieft der Beweegung stinn de Kampf Geescht an virun allem de Spaass. Si kënnen iwwerall gespillt ginn, verlaangen normalerweis keen zousätzlecht Material a kennen och a grousse Gruppen gespillt ginn. Beweegung fuerdert déi kierperlech Warnehmung vun de Kanner a se gëtt hinnen och e Gläichgewiicht fir Spannungen aus hirem Alldag aus ze gläichen.
» Fotoen