
Al Gemeng : Spill an Spass am Haff
30.08.2021Fir vum gudde Wieder ze profitéieren, hunn mir am Haff kleng Geschécklechkeetsspiller organiséiert, bei deenen vill gelaacht gouf.
Vill verschidden Spiller waren mat dobäi, wou d' Kanner noeneen konnten testen.
Als éischt goung et drëms den Schockela sou schnell wei méiglech ze schneiden fir een Stéck ze kréien. Den Hocken et huet een als éischt nach missten verschidden Saachen undoen. Déi aner Kanner konnten déi Zäit wierfelen an wann si 6 kruten waren si drun.
Dono goung et drëms fir laang Kamellen vun engem Seel ze fänken an se ze iessen ouni dobäi dierfen d'Hänn ze benotzen.
Als nächst sinn d' Äppel aus dem Waasser gefëscht ginn ouni d' Hänn ze benotzen. Hei goufen och Coursen gemaach wien méi schnell ass.
Een Parcours mat engem Ee um Läffel meeschteren ouni dass et eroffält stoung och op der Dagesuerdnung.
Als Ofschloss huet een Miel op engem Teller missten un deen hannendrun ginn. Ziel war et dass och nach dat lëscht Kand Miel op den Teller kritt.
Et war en gelongenen Mëtten.
» Fotoen