
Al Gemeng : Hoppse, sprange, lafen, krauchen, rullen a rutschen
16.03.2020Am SEA gëtt d'Bewegung grouss geschriwwen. An dofir dierfe mir och munchmol an déi grouss Sportshal fir dass d'Kanner sech do kennen austoben.
Mat Hellef vu ville verschiddene Sache wéi Bänken, Matratzen, Seeler an engem Tunnel gouf ee riisege Parcours opgebaut deen Kanner sollte meeschteren. De Spaass war grouss wéi d'Fotoë beweisen...
» Fotoen