passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Lieweg Raupen aus Toilettepabeier

12.06.2023

All Mensch wees dass jo aus enger Raup ee schéine Paiperleck entsteet, mee dass aus Toilettepabeier eng lieweg Raup kann entstoen daat war de Kanner awer nei.



Fir unzefänken hun d'Kanner missten den Toilettepabeier mat Tuschfarwen farweg molen fir dass d'Raup och ee schéint Kleed huet. Dono gung et drem fir dee farwege Pabeier ronderem ee Blaistëft ze weckelen. Dunn ass de Pabeier fest zesummegedreckt ginn sou dass eng Mini Zieharmonika enstaan ass.

An enger nächster Etapp gouf dunn ee flotte Liewensraum fir d'Raupen geschaaf mat enger Biidchen, e besse Blieder an e puer Grieser.

Du sinn d'Raupen an d'Biidche gesaat ginn a mat e besse Waasser lues genetzt ginn. A schon ass richtegt Liewen an d'Raup komm a si ass vu ganz aleng weidergekruebelt.




» Fotoen