Al Gemeng : Vu Bulli a schläimeschen Déieren
30.07.2021De Mensch huet déi grouss Fähegkeet fir sech sengem Emfeld unzepassen. An d'Kanner kennen daat nach emsou besser. An deem Sënn waren si bei deem reeneresche Wieder vun de leschten Deg bis an de Besch fir eng Aktivitéit ze machen.
Mat deene richtege Kleeder a mat e puer Molblieder a Pinsele bepakt si si lass gang fir no Bulli ze sichen. D'Iddi war fir mat Bulli ze molen.
Schon aleng d'Bullissich war mat vill Spaass verbonnen a d'Kanner hu sech et net huelen geloos fir all d'Pill genau ze "ennersichen".
Nodeems se an deem "richtege" Pull dee "richtege" Matsch fonnt haten war der Phantasie keng Grenz méi gesaat a si konnte lassleeën mat molen. D'Resultater hu sech narwell weise geloos.
Nirwent dem Bulli hun d'Kanner awer och nach aner flott Sache fonnt a virunallem vill kleng gletscheg Déieren déi daat naasst Wieder och ganz gär hun.
Vum Wuerm, iwwert den decke Schleek bis bei de Mini Fräsch war d'Freed (an d'Iwwerwannung) grouss fir se op t'Hand ze huelen a se sech mol méi genau unzekucken.
» Fotoen