Reebou-Pavillon: Wat en aus Strëmp alles maache kann...
03.01.2022Mir hunn mat den Kanner aus dem Cycle 2 Schnéimännercher aus Strëmp gebastelt.
Rezept fir en Schnéimännchen aus Strëmp:
E puer al Strëmp, Räis, Watt, eng Schnouer, Pech, e puer faarweg Stëfter an e puer Knäpp,
Mat enger Scheier ginn d’ Strëmp duerchgeschnidden, esou dass en aus enger Strëmp zwee gläich grouss Stecker huet. Den ënneschten Deel gëtt mat Reis an Watt gefëllt an den ieweschten Deel op enger Säit zougestréckt. Deen Deel, den mat Reis an Watt gefëllt ginn ass, gëtt och uewen zougestréckt an ongeféier an der Mëtt mat engem Stéck Schnouer ofgetrennt. Elo kann en dem Schnéimännchen saïn Kapp modeléieren.
Zum Schluss krit de Männchen nach d ‘Mutz opgesat, an mat Stëfter kennen elo d ‘An an d’ Nues op gemoolt ginn. Deen wou nach Knäpp op den Kierper well pechen kann dat elo nach maachen.
D ‘Kanner hunn sech en dem aneren gehollef an och Ideeën ausgetosch. Si waren frou dass si hier Männercher konnten Owes mat heem huelen als flott Dekoratioun fir Doheem.
» Fotoen