
Sonnepavillon : Musikprojet
17.12.2021Säit dem 5. Oktober 2021 kënnt de Leroy, aus der Diddelénger Musikschoul, all Dënschdes bei eis op den Site fir den Kanner 1 Stëndchen d' Musik méi no ze bréngen.
Duerch dës musikalesch Aktivitéiten gëtt d’ Gehéier vun den Kanner an den Erwuessener ugereegt, mir lauschteren an konzentréieren eis fir dass mir déi gehéiert Téin an den Rhythmus kënnen duerch Sprooch an Bewegung erëm ginn. Beim gemeinsamen Musizéieren gëtt eist Selbstvertrauen gefuerdert an och den Spaass Faktor kënnt net ze kuerz.
Op Youtube kennt dir d’ Lidd „Salibonani! Guten Morgen!” (Jambo Afrika) mat ären Kanner lauschteren an mat sangen. Vill Spaass» Fotoen