
Cycles 1-4 Vakanzaktivitéiten 2026
21.08.2026Manege fräi! Eng spektakulär Zirkuswoch als Ofschloss vun de Vakanzaktivitéiten
Déi lescht Woch vun eise Vakanzaktivitéiten stoung nees ganz am Zeeche vum Zirkus. Zesumme mam Circus Proscho aus Däitschland konnten am Ganzen 174 Kanner fir e puer Deeg an déi faszinéierend Welt vum Zirkus andauchen.
Véier Deeg laang gouf mat vill Begeeschterung geprouft, trainéiert an un de verschiddenen Nummeren geschafft. D'Kanner konnten nei Fäegkeeten entdecken, iwwer sech erauswuessen an erliewen, wéi wichteg Konzentratioun, Courage an Zesummenaarbecht sinn, fir um Enn eng gemeinsam Show op d'Been ze stellen.
De kréinenden Ofschloss vun dëser intensiver Zirkuswoch waren zwou flott Gala-Virstellungen. Hei konnten déi 174 jonk Artisten endlech weisen, wat si an deene véier Deeg geléiert an ageprouft haten. Virum Publikum hunn si mat vill Freed a Stolz hir Nummeren an der Manege presentéiert.
Déi zwou Galae waren net nëmmen e flotte Moment fir d'Kanner, mee och e gelongenen Ofschloss vun enger Woch voller Zirkusmagie, Teamgeescht, neien Erfarungen an onvergiessleche Momenter.
E grousse Merci un de Circus Proscho an un all déi Bedeelegt, déi dës flott Zirkuswoch méiglech gemaach hunn!
» Fotoen