
Reebou-Pavillon: Kreativ Atelier
27.09.2021Molen mat bastelen flott kombinéieren.
Molen a Bastelen sinn Aktivitéiten déi bei de Kanner immens beléift sinn. Dofir proposéieren mir regelméisseg verschidden Iddien an loossen hinnen de Choix wéi eng se gäre wëllen maachen.
Kuerz no der Rentrée hunn mir zesummen mat de Kanner e flotten Aktivitéiten Programm opgestallt. Als éischt Aktivitéit hunn d' Kanner sech, iwweregens passend zum aktuellen Wieder, d’ Bastelen vun enger Prabbelis Kaart eraus gesicht.
Jiddwereen konnt senger Kreativitéit fräie Laf loossen an d ‘Kaart sengen Iddien an Virstellungen no zesummestellen.
» Fotoen