
Al Gemeng : Spa Day 3. Deel; wa Kanner genéisse léieren
23.01.2023Waat déi Erwuesse kennen, kenne Kanner scho lang, an zwar sech et gudd goe loossen.
Op hierem 3. Wellnessdag ass et des Kéier em t'Hänn gangen.
Fir d'éischt stung een Handbad um Programm wou d'Kanner hier kleng Hänn an enger wootlecher Super-Mega-Spa-Day-Creme-Soap-Lotioun gebued hun.
Dest Handbad konnt no Loscht a Laun vun eise klengen Wellness-Genéisser och nach duerch eng Waassermassage mat Bäll erweidert ginn.
Duerno hun d'Kanner sech an der Koppel géigesaiteg t'Hänn ofgedreschent an e besse masséiert a getriwwelt.
Mat enger weiderer superer mega Lotioun aus dem Wellness-Center Al Gemeng goufen dun t'Hänn nach ageriwwen a gecrèmt.
» Fotoen