
Sonnepavillon : Wiichtel
16.01.2023Di méi grouss Kanner wollten, nodeems se en bëssen d’ Wierk-Bänk kennen geleiert hunn, eppes Richteges selwer wierken. Se hunn sech zesummen gesat an iwwerluet wat se wëllen maachen. Nodeem se sech net eenegen konnten hunn se gefrot fir um Internet no ze sichen. Net laang dono haten se en Wiichtel aus Holz gesinn, dee se wollten maachen.
D’ Idee koum op, dass dëst eng schéin Deko fir doheem wier, Chrëschtdag stoung jo virun der Dier. Mat Ënnerstëtzung, Hëllef an Uleedung vun der Erzéiherin konnten se lassleeën. Et war vill Gedold, Fläiss an Duerchhalverméigen gefrot. En schéinen Wiichtel fir doheem an der Fënster, op der Kommoud oder wee weess, villäicht hat och een vun Iech en Wiichtel ënnert dem Beemchen leien?
» Fotoen