Reebou-Pavillon: Mir waren op de Beetebuerger Maart
23.05.2022Am Kader vum Upcycling Projet hunn mir zesummen mat de Kanner Saachen gesammelt an nei Saachen dorauser hirgestallt. D ‘Ziel vun dësem Projet ass de Kanner ze weisen, dass en aus alen Saachen eppes Neies kann hirstellen.
Dësen Projet hunn mir iwwert dat ganzt Schouljoer gemat esou dass mer vill flott Saachen haten fir um Maart ze verkafen.
Den Dënschden, de 17 Mee waren mer zesummen mat de Kanner mat engem flotten Stand um Beetebuerger Maart. D ‘Suen déi zesummen koumen ginn un d ‘Fondatioun Wonsch Stär gespent.
E groussen Merci un all déi Läit déi eis ënnerstëtz hunn.
» Fotoen